Sou geet mat Vertraue
Liesen & Léieren
Zesumme maache mir aus enger Liesschwächt eng Schoulstäerkt
- Bestandsopnam
- Berodung fir Elteren
- Liestraining fir Kanner
Dengem Kand fält d'Liese schwéier?
An der Schoul kriss du oft gesot:
Äert Kand mécht beim Liesen nach vill Feeler!
Et erréit Wierder am Plaz se ze liesen.
Et misst sech méi ustrengen.
Äert Kand muss einfach méi doheem liesen!
Du wëlls gären hëllefen, weess awer net sou richteg wéi?
-
Du weess einfach net genau wou de Probleem läit a wéis du doheem mat dengem Kand Liesen übe kanns?
-
Däi Kand verzweifelt, geréit ëmmer méi ënner Drock a mengt et wier einfach ze "domm" fir ze liesen?
-
Du hues Angscht eppes falsch ze maachen an dass däi Kand d'Motivatioun komplett verléiert?
Domat bass du net aleng! Villen Eltere geet dat esou.
Zesumme fanne mir eng Léisung
Verstoen, wou d'Schwieregkeeten hierkommen
Moossbar Erfolleger definéieren, erschaffen an erreechen
Vertrauen a sech selwer a Spaass um Liesen zeréckgewannen
Zesumme begleede mir däi Kand, fir dass et léiert fléissend ze liesen.
Sou gëtt d’Schaffen an der Schoul méi einfach, ouni Drock, dass och nach genuch Zäit fir Fräizäit bleift.
All Iddien an Tipps sinn un den Alldag doheem oder an der Schoul ugepasst, an erlaben et spilleresch einfach ze liesen.
Mir setzen erreechbar Ziler, fanne Strategien déi funktionéieren an d’Material wat bei däi Kand passt.
Sou baut däi Kand erëm dat néidegt Selbstvertrauen op a ka mat de geléierte Strategie méi einfach aleng liesen.
All Kand ka mat Freed liese léieren
Liese léieren
Dovu sinn ech iwwerzeegt!
Als Mamm a Léierin hunn ech selwer erlieft, wéi et ass, wann engem Kand d‘Lieseléieren schwéier fält.
Säit e puer Joer schaffen ech mat Leidenschaft Liesmaterial aus fir Kanner mat Lies- a Léierschwieregkeeten.
Lieseléiere soll Spaass maachen
Och wann d’Liesen net sou einfach fält, sou huet däi Kand dach seng Talenter a seng Stäerkten.
Zesumme fanne mir déi eraus a mat de richtege Liesstrategien wäert och däi Kand kënnen seng Liesschwieregkeeten iwwerwannen. Sou maache mir aus enger Liesschwächt eng Schoulstäerkt.
Ech géif mech freeën dech an däi Kand kennenzeléieren an Iech um Wee vum Lieseléiere kënne mat menger Erfarung a mengem Wëssen ze begleeden.
Motivatioun
Kreativitéit
Leidenschaft
Looss eis däi Kand zesummen ënnerstëtzen
Reservéier hei däi gratis Berodungsgespréich
Du hues Froen? Hei kriss du Äntwerten.
Schreif mir eng Noriicht a looss eis zesumme kucken, wéi mir däi Kand beim Lieseléieren ënnerstëtze kënnen.