Liesen • Spillen • Entdecken

Aus Liese gëtt en Abenteuer

Däi Kand entdeckt Geschichten, Spiller a Rätselen, déi bei säin Alter a säi Liesniveau passen

spilleresch, ouni Drock a mat Freed um Entdecken.

Liesen ass net fir all Kand automatesch e Genoss.

  • Däi Kand huet keng Loscht ze liesen, obwuel et Geschichten eigentlech gär huet?

  • Liese gëtt séier zu Üben, Verbesseren an Diskussiounen…

  • Däi Kand liest gär, mee du sichs nei Iddien dài wierklech zu him passen?

Genee do setzt LiesA un.

Net nach méi üben. Mee Liesen esou erliewen, datt däi Kand Loscht kritt, selwer weiderzemaachen.

Geschichten, Spiller a Rätselen a verschidde Liesniveauen. Däi Kand däerf entdecken, wat zu him passt.

All Kand liest anescht. LiesA wiisst mat.

Egal ob däi Kand seng éischt Schrëtt an d’Welt vum Liese mécht, schonn éischt Geschichten entdeckt oder méi Erausfuerderung sicht. Bei LiesA fënnt et Geschichten, Spiller a Rätselen, déi zu sengem Liesniveau passen.

Fir déi éischt Schrëtt

Lauschteren, entdecken, mat Sprooch a Buschtawen spillen.

Fir Liesufänger

Éischt Wierder a Geschichten liesen a spilleresch méi sécher ginn.

Fir jonk Lieser

Méi liesen, knobelen, entdecken a Geschichten ëmmer méi selwer erueweren.

Kee feste Wee. Kee Vergläichen.

Däi Kand däerf do ufänken, wou et grad steet.

Wat waart op däi Kand bei LiesA?

Net einfach liesen. Entdecken, lauschteren, spillen a selwer aktiv ginn.

Geschichten entdecken

Vun den éischte klenge Geschichten bis zu méi usprochsvolle Liesabenteuer.

Spillen a knobelen

Wierder, Buschtawen a Geschichten ginn Deel vu Spiller a Rätselen.

Lauschteren a matmaachen

Audio, Biller an interaktiv Aktivitéite maachen d’Geschichten lieweg.

Ëmmer nees Neies entdecken

Nei Geschichten, Spiller an Abenteuer suergen dofir, datt et eppes ze entdecke bleift.

Liesen däerf sech gutt ufillen.

Ouni Drock

Däi Kand däerf ausprobéieren, entdecken an a sengem eegene Rhythmus virugoen.

Mat Freed um Entdecken

Geschichten, Spiller a Rätsel maachen aus dem Liesen eppes, wat ee wëll maachen an net eppes, wat ee muss maachen.

Passend zum Kand

Net all Kand brauch datselwecht. LiesA bitt verschidde Weeër an d’Liesen a léisst Raum fir déi eegen Entwécklung.

Hannert LiesA stieche vill Joren Erfarung mat Kanner, Liesen a Léieren an d’Iwwerzeegung, datt Freed dacks dee beschte Wee an d’Liesen ass.

Einfach ausprobéieren. Ganz ouni Drock.

  • 1
    Gratis starten

    Mell dech un a géi direkt mat dengem Kand op Entdeckungstour.

  • 2
    10 Deeg alles entdecken

    Probéier a Rou aus, wéi eng Geschichten, Spiller a Lieswelten dengem Kand am beschte gefalen.

  • 3
    Du entscheeds

    No den 10 Deeg kanns du wielen, wéi et fir iech weidergeet.

An no den 10 Deeg? Du entscheeds.

Du wiels selwer, wéi et fir iech weidergeet. Wann et iech gefällt brauchs du näischt méi ze maachen. D’App leeft da bezuelt weider. Wanns du d’App net méi wëlls kanns du se einfach stoppen.

Gratis weider entdecken

Déi gratis LiesA-Inhalter bleiwen dir zur Verfügung.

0

Mat der ganzer LiesA APP weidermaachen

All Lieswelten, Geschichten, Spiller an Aktivitéiten entdecken an Zougang zu neien Inhalter kréien.

24€