Liesen • Üben • Entdecken
Loscht um Liesen
Flott Liesaktivitéite fir d'Schoul
Méisproocheg, op verschidde Liesniveauen ofgestëmmt an direkt prett fir anzesetzen.
- Fir deng Kanner: Geschichten, Spiller a Rätselen, déi bei hire Liesniveau passen
- Direkt a méi Sproochen: Liesmaterial op Däitsch, Franséisch a Letzebuergesch
- Fir dech: manner Zäit fir d'Virbereedung, méi Zäit fir deng Kanner
Du wëlls ofwiesslungsräich Liesaktivitéiten ubidden, mee hues net d'Zäit, ëmmer neit Material virzebereeden?
-
An denger Klass sinn d'Kanner op ganz verschiddene Liesniveauen?
-
Du wëlls d'Liesen méisproocheg oder sproocheniwwergräifend gestalten?
-
Du sichs Aktivitéiten, déi d'Kanner motivéieren an déi s du direkt benotze kanns?
Genee do setzt LiesA un.
Net nach méi virbereeden. Mee Material hunn, dat prett ass, wann s du et brauchs.
Geschichten, Spiller, Rätselen an interaktiv Aktivitéiten op verschiddene Liesniveauen – méisproocheg a flexibel fir däi Schoulalldag.
All Kand liest anescht. LiesA huet fir jidderee eppes dobäi.
An enger Klass treffen ënnerschiddlech Liesniveauen openeen. Mat LiesA fënns du Geschichten, Spiller a Liesaktivitéiten, déi s du passend zu denge Kanner auswiele kanns – ouni fir all Niveau neit Material virzebereeden.
Sprooch entdecken am Cycle 1
Lauschteren, entdecken a spilleresch éischt Erfarunge mat Sprooch a Buschtawen maachen.
Fir Liesufänger am Cycle 2
Éischt Wierder a Geschichten liesen a spilleresch méi sécher ginn.
Fir jonk Lieser am Cycle 2 an 3
Geschichten ëmmer méi selbstänneg liesen an entdecken – och wann d’Liesen nach net ëmmer einfach fält.
Verschidde Liesniveauen.
Eng Plaz fir fäerdeg differenzéiert Material.
Wat waart op deng Kanner bei LiesA?
Net nëmme liesen. Entdecken, lauschteren, spillen, gestalten a selwer aktiv ginn.
Geschichten entdecken
Vun den éischte klenge Geschichten bis zu méi usprochsvolle Liesabenteuer.
Spillen a knobelen
Wierder, Buschtawen a Geschichten ginn Deel vu Spiller a Rätselen.
Lauschteren a matmaachen
Audio, Biller an interaktiv Aktivitéite maachen d’Geschichten lieweg.
Ëmmer nees Neies entdecken
Nei Geschichten, Spiller an Abenteuer suergen dofir, datt et eppes ze entdecke bleift.
Liese soll sech gutt ufillen.
Motivéierend fir d'Kanner. Praktesch fir dech.
Manner Virbereedung
Fäerdegt Material, dat s du auswielen an direkt mat denge Kanner benotze kanns.
Méisproocheg & differenzéiert
Verschidde Liesniveauen a Sprooche maachen et méi einfach, dat Passend fir deng Kanner ze fannen.
Ëmmer nees nei Iddien
LiesA wiisst weider, mat neie Geschichten, Spiller, kreativen Iddien a Liesaktivitéiten.
LiesA verbënnt Geschichten, Spiller, interaktiv Aktivitéiten a fäerdegt Material zu enger Lieswelt, déi s du flexibel an dengem Schoulalldag asetze kanns.
Einfach entdecken. Ganz ouni Risiko.
Kuck dir LiesA fir d’Schoul a Rou un. De gratis Abléck ass dauerhaft gratis – ouni Abo an ouni Bezuelmethod.
-
1
Gratis starten
Mell dech un an entdeck ausgewielte Geschichten, Spiller a Liesaktivitéiten.
-
2
LiesA ausprobéieren
Kuck, wéi déi interaktiv Aktivitéite funktionéieren a wéi s du LiesA mat denge Kanner asetze kanns.
-
3
Du entscheeds
LiesA gefält dir? Da kanns du däin passenden Zougang auswielen an déi komplett Lieswelt entdecken.
Däin Zougang zur LiesA App fir d'Schoul
passend dozou, wéi s du se notze wëlls.
1 PERSOUN
Fir däin eegene Gebrauch
-
Zougang fir 1 Persoun
-
all digital Lieswelten a Geschichten fir d'Schoul
-
all interaktiv Spiller & Aktivitéiten
-
E-Books & PDF-Material
-
kreativ Iddien
-
nei Inhalter
€ 0
/1 Persoun
EQUIPE PEDAGOGIQUE
Fir zesummen ze schaffen
-
Zougang fir deng Equipe
-
all digital Lieswelten a Geschichten fir d'Schoul
-
all interaktiv Spiller & Aktivitéiten
-
E-Books & PDF-Material
-
kreativ Iddien
-
nei Inhalter
€ 0
/ bis 5 Persounen
GANZ SCHOUL
Fir déi ganz Schoul
-
Zougang fir d'Schoul
-
all digital Lieswelten a Geschichten fir d'Schoul
-
all interaktiv Spiller & Aktivitéiten
-
E-Books & PDF-Material
-
kreativ Iddien
-
nei Inhalter
€ 0
/ganz Schoul
Léiwer e Joresabo?
Fir Schoulen an Equippen ass LiesA och als Joresabo verfügbar.
Du kriss de passenden Zougang fir ee ganzt Joer. D’Ofrechnung leeft iwwer Rechnung a Peppol – passend fir den administrativen Oflaf an der Schoul.
Interesse? Schreif eis eng kuerz E-Mail. Mir schécken dir all Informatiounen a maachen de passenden Zougang fir dech prett.